1. PRESSEMITTEILUNG
Piratepartei
Lëtzebuerg
BP 83
7201 Bereldange
ahoi@piratepartei.lu
(+352) 621 632 118
Reform vun de Studiebäihëllefen ass e
Schrëtt zréck!
D'Michèle Stiefer, Kandidatin vun der Piratepartei bei den Europawalen a selwer
Studentin hëlt zur Reform vun de Studiebäihëllefen (CEDIES) Stellung:
„D'Zil vun de Studiebäihëllefe muss et sinn datt all jonke Mënsch d'Méiglechkeet
huet fir onofhängeg vu sengen Eltere studéieren ze goen. Datt den DP-Minister
Meisch elo d'Hëllef rëm un d'Eltere koppelt ass e Schrëtt zréck a schränkt
d'Fräiheet vun de Studentinnen a Studenten nach weider an. D'Pirate fuerderen
datt d'Bäihëllefe weiderhin onofhängeg vun den Elteren hirer Situatioun
attribuéiert ginn!“
Zur aktueller Situatioun um CEDIES erklärt d'Michèle Stiefer weider:
„Schonns elo ass de CEDIES personell ënnerbesat. Demande brauche vill ze vill
laang fir traitéiert ze ginn a Waardezäite vun iwwer 4 Méint sinn Normalitéit.
Wann de CEDIES elo och nach soll dës nei Boursen ausrechnen da kënnen sech
Studentinnen a Studenten déi op d'Bourse ugewise sinn drop astellen datt et
nach méi laang dauert. Dofir verlaangen ech vum Minister Meisch datt de
CEDIES onbedéngt personell opgestockt gëtt fir datt Demande méi schnell
opgeschafft kënne ginn.“
Matgedeelt vum Nationalpräsidium
Piratepartei Lëtzebuerg – BP 83 – 7201 Bereldange - (+352) 621 632 118
1