1. IMPORTANT: EMBARGO FIXÉ AU 24.12.2012 à 18H00
Discours de Noël de Son Altesse Royale le Grand-Duc
Le 24 décembre 2012 (version originale)
Léif Matbierger,
Wa mir haut op 2012 zréckkucken a parallel de Bléck no vir riichten, da maache vill vun eis dat mat
éischter gemëschte Gefiller. Et war op en Neits e mouvementéiert Joer, während deem schéin a
wäit manner erfreelech Evenementer sech séier ofgewiesselt hunn. Déi economesch Kris huet
d’Aktualitéit dominéiert, a munneches deit leider elo schonn drop hin, datt och d’nächst Joer keen
einfacht wäert ginn. An awer hoffen ech, datt jidderee vun eis vill positiv Momenter an Erënnerung
behellt. Dofir, loosse mir iwwer de schlechte Nouvellen déi gutt net vergiessen.
Perséinlech denken d’Grande-Duchesse an ech selwer mat grousser Freed un d’Hochzäit vun
eisem eelste Jong zréck. Dee ganz häerzlechen Accueil fir de Prënz Guillaume an d’Prinzessin
Stéphanie huet eis immens beréiert. E grousse Merci, och am Numm vun der jonker Koppel, fir Är
Sympathie, fir Ärt Matfeieren an all léiwe Geste. E besonneche Merci gëllt all deenen, déi am
Kader vun der Hochzäit ganz engagéiert geschafft hunn. Déi vill positiv Reaktiounen hei am Land
an déi gutt Echoen aus dem Ausland sinn eng schéin Unerkennung fir hir formidabel Aarbecht. Je
tiens à remercier tout particulièrement tous nos concitoyens qui se sont associés avec
enthousiasme aux festivités du mariage du Prince Guillaume et de la Princesse Stéphanie et qui
ont bien voulu partager avec nous ces moments importants pour ma famille et pour le pays.
Eng aner gutt Nouvelle, déi mir Iech virun e puer Deeg matgedeelt hunn, ass d’Verlobung vun
eisem Fils, dem Prënz Félix, mat dem Claire Lademacher. Mir si frou a glécklech, a mir wënschen
der jonker Koppel alles Guddes.
Léif Matbierger,
Freed a Leed leien am Liewen leider dacks no beieneen. D’Hochzäit ass an eng Zäit gefall, wou
gutt Neiegkeete rar gi sinn. D’Wirtschaftskris huet och bei eis déif Spueren hannerlooss: Betriber
hunn zougemaach, Personal gouf entlooss, sozial Acquisen sinn a Gefor a Spuermoossnamen
sinn noutwenneg ginn. All dës Annonce bleiwe net ouni Conséquencen, als éischt fir déi Leit, déi
perséinlech dovu betraff sinn. Dat ass eng Situatioun, déi kee vun eis zefridde stelle kann an déi
eis all erausfuedert.
Ech wëll haut den Owend besonnech un déi Familljen hei am Land denken, déi ënnert der Kris
leiden an déi finanziell ëmmer méi schlecht iwwer d’Ronne kommen. Si brauchen eis an den
Appui duerch eise Sozialstaat haut méi wéi je!
1
2. IMPORTANT: EMBARGO FIXÉ AU 24.12.2012 à 18H00
Als Gesellschaft kënne mir an esou enger Kris zesummewuessen an zesummestoen. Lëtzebuerg
huet glécklecherweis eng laang Traditioun vu Solidaritéit, hei am Land, an Europa wéi och mat
manner entwéckelte Länner. Dës Solidaritéit op allen Terrainen ass grad haut gefrot.
Léif Leit alleguer,
Dacks héiert een de Saz: D’Kris ass eng Chance fir Verännerung a Reformen. Dat maach richteg
sinn, mä als éischt ass d’Kris dat, wat se ass: d’Illustratioun vun engem Echec, dee fir den
Eenzelnen ewéi fir ganz Länner mat grousse Verloschter verbonnen ass. D’Aufgab vun der Politik
a vun eis all ass et, aus der ablécklecher Situatioun eppes ze léieren, mat reduzéierte Moyenen
raisonabel ëmzegoen an eis Prioritéiten z’iwwerpréiwen.
E Schlësselbegrëff an dësem Kontext ass d’Responsabilitéit. Ech fäerten, mir hunn an de leschte
Joren e Stéck wäit verléiert, gerued ze stoen, fir dat, wat mir maachen. Wien handelt, muss sech
ëmmer bewosst sinn, wéi eng Conséquencen seng Entscheedungen fir d’Gesellschaft hunn. An
alle Beräicher, vun der Economie an der Finanzwelt bis bei den Emweltschutz an eist soziaalt
Engagement, leit déi éischt Verantwortung fir eist Handelen ëmmer bei eis selwer. Responsabilitéit
kann ee net auslageren a mam Fanger op d’Ausland oder op de System weisen.
Do, wou d’Verantwortung an de Sënn fir de „Bien commun“ ofhuelen, wou kee méi Responsabilitéit
iwwerhëllt an nëmmen de perséinleche Profit zielt, huelen d’Indifferenz an d’Risikobereetschaft
zou. Wann déi einfach Relatioun tëscht „kréien“ a „ginn“ net méi stëmmt, sinn Ongerechtegkeeten
inevitabel.
An engem Spill, wou bal alles méiglech a villes erlaabt ass, sinn der Kreativitéit, am Gudden wéi
am Schlechten, kaum Grenze gesat. Grenzen a Regelen awer si néideg, net fir den Eenzelnen a
senger Fräiheet anzeschränken, mä fir d’Gesellschaft als sollech ze protegéieren.
Responsabel handelen ass fir mech déi éischt Äntwert op all Form vu Kris, op Wirtschafts- oder
Vertrauenskris, a kann eis hëllefen, datt sech esou eng Situatioun net esou liicht widderhëllt.
Responsabel handelen heescht: éierlech sinn, d’Wourecht soen, och wann se net gefällt, de
Mënsch respectéieren, bewosst decidéieren a consomméieren a kee Profit um Bockel vun aneren,
an domadder vun der Gesellschaft ze maachen.
Responsabel handelen heescht och: ëmmer nees mat Wäitsiicht un d’Zukunft vu Land a Leit ze
denken.
2
3. IMPORTANT: EMBARGO FIXÉ AU 24.12.2012 à 18H00
Léif Matbierger,
D’Kommunikatiounsgesellschaft, an där mir haut liewen, fuerdert eis op, ëmmer méi séier ze
handelen. D’Zäitfenster, an deem mir agéiere kënnen an opgefuerdert ginn, ze reagéieren, gëtt
ëmmer méi kleng. Et ass a mengen An awer wichteg, datt mir eis net nëmmen vun Urgencen a
séieren Decisiounen dreiwe loossen, mä Entscheedungen an hir Konsequenzen zu Enn denken.
Eisen Usproch sollt et sinn, net liichtfankeg all Rumeur opzegräifen, mä eis sachlech a fair an den
Déngscht vun der Wourecht ze stellen an de Mënsch hannert der Nouvelle net ze vergiessen.
Ech plädéieren an dësen onsécheren Zäiten, wou Repèren ze verschwanne schéngen, fir e Stéck
Normalitéit. Mir brauche nees Referenzpunkten, mir brauchen Zäit a Rou, fir Decisiounen ze
treffen an Informatiounen op de Fong ze goen. A mir brauche Leit, déi an engem pluralistesche
Kontext Wäerter héich halen. D’Gesellschaft brauch Toleranz, deen Eenzelnen awer och
Orientéierung. Wäerter wéi Respekt, Verantwortung, Éierlechkeet, Nächsteléift an e gutt
Matenaner kënnen Orientéierung ginn an eist Handelen bestëmmen.
Ech sinn iwwerzeegt, datt Dir, léif Matbierger, bereet sidd, zwou Hänn mat unzepaken, wann et
drëm geet, d’Lëtzebuerg vu muer virzebereeden. Eist Land wäert muer anescht ausgesinn wéi
haut. Wéi et ausgesäit, hänkt och dovunner of, op mir gewëllt sinn, Verantwortung ze droen, nei
Perspektiven fir eist Land z’entwéckelen a Solidaritéit grouss ze schreiwen. Kommt, loosse mir
dësen Defi zesummen upaken a mat Courage a Vertrauen no vir kucken.
Léif Matbierger, Chers concitoyens,
Op Hellgerowend wënschen ech Iech all, och am Numm vun der Grande-Duchesse, vu mengem
Papp, dem Grand-Duc Jean, vun der ierfgrouss-herzoglecher Koppel an der ganzer Famill, schéi
Chrëschtdeeg an e glécklecht neit Joer. Je vous souhaite à vous tous un joyeux Noël et une très
bonne année!
3