SlideShare uma empresa Scribd logo
1 de 7
Baixar para ler offline
Ried vum Aloyse KAPWEILER
               LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik



            Embargo bis den 13. November 2012 um 16 Auer 30
                                     (Et zielt daat geschwaate Wuert.)

Kolleginnen a Kollegen,



De Findel liewt nach, steet op engem Transparent, et ass also elo NACH Zäit eppes ze
maachen fiir en ze retten, fiir en oofzesecheren.

FIRWAAT GESCHITT DA NÄISCHT?

Zenter véier Joer schon, also zenter der läschter grousser Wirtschaftskriis 2008
revendiquéiert den LCGB eng gemeinsam Strategie fir de Findel wou alleguer dei
concernéiert Firmaen mat hieren Oarbechtsplaatzen sech mussen eremfannen.

Mer sin an der läschter Tripartite vertréischt gin datt elo misst gewoart gin bis
d’CARGOLUX an d’LUXAIR, Enn November, respektiv Enn des Joers hier Strategie
färdeg hätten.

Mer hun de stoarken Verdacht datt sech hei erëm soll hannert Experten verstoppt gin
fir “onpopulär” Moosnaamen duerchzeboxen.

Brauche mär da wierklech auslänneg Experten, déi eis mussen soen wéi mer dës
Betrieber mussen féieren, hun mer hei am Land keen, deen wees wéi een eng Firma an
deem Sektor ze leeden huet... och an schwieregen Zäiten?

Sin eis Responsabel, och eis politesch Responsabel,wierklech esou schwaach datt se bei
all Schwiiregkeet een dofir musse deier bezuelen, deen en schéinen décken Bericht
schreift fir sech dann hannert deem kënnen ze verstoppen???

Egal waat bei deenen Analysen erauskënnt: Et muss hei sëchergestallt gin datt net
nemmen Konsidératiounen vun Gewënnoptiméierung an deenen 2 Firmaen, mä och

                                                                           Page 1 sur 7
Ried vum Aloyse KAPWEILER
                LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik


d’Verantwortung vum Staat, dem gréissten direkten an indirekten Aktionnaer, um
Erhalt vun Oarbechtsplaatzen an dem Erhalt vun den Existenzen berücksichtegt gett.



Kolleginnen a Kollegen,

Fiir zur Cargolux am speziellen ze kommen, et ass esou datt bei der CARGOLUX
d’Peien vun de Leit 13% vun den Käschten ausmaan, bei der LUXAIR sin et ongeféier
27% .

Also muss een jo wëssen, datt een eleng duerch Kierzungen beim Personnal déi Firmen
hei net kann retten.

An Kriisenzäiten, an schwiiregen Zäiten, muss een séng Leit motivéieren fiir zesummen
aus de Schwieregkeeten erauszekommen... fir zesummen weiderzekommen... fir
zesummen ze schaffen an net denen eegene Leit weisen, datt een zu alleréischt drun
denkt fiir hier Existenz a Fro ze stellen... an dann déklaréiert d’Firma gif soss zugronn
goen, wéi den Président vum CA vun der Cargolux daat an enger Televisiounsreportage
gemeet huet... daat ass de falsche Wee.

Vill méi wichteg ass eng nei Strategie fir dës Betriiber ze défineieren.... Wann een aawer
elo eemol kuckt waat esou an de läschte Joeren geschitt ass, dann muss een sech Froen
stellen, ob déi betraffen Verwaltungsréit an déi politesch Responsabel iwwerhaapt
wëssen, waat eng Strategie ass.

2006 gouf ugefaangen de neien Cargolux Hangar ze bauen, am Mee 2009 gett en
operationnel, en architektonesch uspriechend Gebei vun engem Paraiser Architekt, um
neisten techneschen Stand, daat Bäscht vum Bäschten. 2 Jumboen hun do
nierwendeneen dra Plaatz. Daat Gebei ass 200 m laang, 90 m breet an 42 m héich. Et
ass eng “State of the Art Maintenance facility”, wéi et op der Cargolux Internetsäit
heescht. Daat Gebei huet ronn 80 Milliounen Euro kascht. Wéi dëst Gebei gebaut gin
ass, hun eis déi Responsabel gesoot, dass Cargolux och giff Maintenance fiir aaner
Firmaen maache an dass daat dofiir de richtege Wee wiir... An elo fennt dann ebeemol
een eraus, dass dëst Gebei net rentabel ka schaffen an dass een misst outsourcen.
Ween huet dës Décisioun geholl... ass sech hei geiirt gin...? Mär kënnen datooten no 3
Joer net verstoen.

                                                                              Page 2 sur 7
Ried vum Aloyse KAPWEILER
               LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik


WAAT SOLL DATOOTEN?

Ech hun den deemolegen CEO nach an den Oueren, wéi hien déklaréiert huet, datt
d’Produktivitéit gif 80% erop goen an dass Techniker nëmmen nach 2 Stonnen
bräichten fir eng bestëmmten Oarbecht ze maachen amplaatz 5 Stonnen.

Woar daat dann alles Humbug?



Kolleginnen a Kollegen,

Den LCGB ass katégoresch géint all Fragmentatioun, Delocalisatioun oder Outsourcing
vun egal wéi engem Service oder Département bei der Cargolux der Luxair oder soss
enger Firma um Findel...

Hei mussen déi Responsabel sech eng ganz Reih Froen gefaale loossen...

Wéi ass d’Produktivitéit vum Hangar an ZUELEN?

Wéi ass den Käschtepunkt vum Hangar am internationalen Vergläich?

Wei ass d’Roll vum Staat um Findel?

Wéi ass d’Roll vun der Cargolux um Findel?

Mer mussen Aentwerten hun, flott Graphiken gin hei net duer!



Kolleginnen a Kollegen,

Bei der Luxair schéngen se och ze mengen, datt de Sozialdialog nëmmen nach matt
Menacen oder Erpressungen fonktionnéiert. Déi läscht Verhandlungsronn ass
gescheitert well d’Direktioun wollt, datt d’Gewerkschaften, ouni je verhandelt ze hun, e
Blankoscheck sollen ennerschreiwen.

D’Gewerkschaften hätten sollten Konzessiounen maachen, sie hun en Dokument
viirgeluecht kritt wou dropsteet datt d’LUXAIR net den Kollektivvertrag gif kënnegen,
                                                                            Page 3 sur 7
Ried vum Aloyse KAPWEILER
               LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik


wann d’Gewerkschaften bereet wären direkt Konzessiounen betreffend Oarbechtzeit,
Flexibilitéit an Gehälter ze maachen. Mär sollten also vun Ufank un virun den
eigentlechen Verhandlungen ënnerschreiwen, datt mer eis bereet erklären, den
Kollektivvertrag ze verschlechteren.

Vun Garantien an Oarbechtsplaatzoofsëcherung ass guer net ze schwätzen!

Esou eng Viirgehensweis ass et nach nie gin, esou eng Viirgehensweis ass ongeheierlech,
esou eng Viirgehensweis ass net akzeptabel sou eng Virgehensweis stellt
Kollektivvertreeg an Fro. Kollektivvertreeg, déi usëch eng Garantie fir Salariéen
duerstellen an fiir d’Firma eng Garantie sin vum soziale Fridden.

D’Fro stellt sech, ob eis Regierung déi Viirgehensweis oofgeseegent huet. Mär wëllen
Obklärung, ob hei d’Regierung um Sozialoofbau aktiv matt bedeelegt ass.

...

Mär hun eis geweigert esou enger Erpressung nozeginn an d’Luxair huet den
Kollektivvertrag gekënnegt. Daat heescht aawer, datt muss weider verhandelt gin well
et kann een sech jo net viirstellen, datt de Staat als gréissten Aktionnär kéint
akzeptéieren, datt déi national Fluggesellschaft ebeemool keen Kollektivvertraag méi
hätt!

Et stellt een also hei fest, datt d’Direktioun sech an de Kollektivvertragsverhandlungen
genau esou onbehollef beweegt wéi wann et drëms geet Léisungen fir déi aktuell,
schwiireg, economesch Situatioun, ze fannen.



Kolleginnen a Kollegen,

Den LCGB huet sech nach nie Verhandlungen verschloss, mä mär wärte keen
Blankoscheck ënnerschreiwen, mär wärten dofir suergen, datt d’Leit Garantien kréien,
mär wärten dofir suergen, datt d’Leit an hier Existenzen oofgesëchert gin. D’Salariéen
vun der LUXAIR an vun der CARGOLUX hun e Recht drop déi néideg Oofsecherung
vum Employeur ze kréien.



                                                                            Page 4 sur 7
Ried vum Aloyse KAPWEILER
               LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik


Sie hun et net verdingt dass, wéi et bei der LUXAIR probéiert gett matt alle Mëttelen
hier Existenz a Fro ze stellen. E Blankoscheck wärten mer nie ënnerschreiwen! Daat ass
fiir eis net akzeptabel, net akzeptabel.



Kolleginnen a Kollegen,

Bei der CARGOLUX ass jo vun der Direktioun déklaréiert gin, datt de Kollektivvertraag
do soll op Basis vum legale Minimum verhandelt gin. Och do kann een nëmmen de
Kapp rëselen. Een deen esou eppes seet wees net wéi mer hei am Land
Kollektivvertreeg verhandelt hun an och an Zukunft Kollektivvertreeg verhandele
wärten. Zenter Joerzingter hun d’Sozialpartner och ënner deelweis schwieregsten
ekonomeschen Konditiounen Léisungen fonnt, och, an speziell bei der Cargolux, fir
d’Leit an der Oarbecht ze haalen, Existenzen oofzesëcheren an déi betraffen
Gesellschaften kompetitif um Moart ze haalen.

Datt dës Verhandlungen schwiireg woaren, daat brauch keen eis ze soen, mä mer hun,
waat d’Kollektivverträg ugeet, nach ëmmer Léisungen fonnt, déi d’Pérenitéit vun den
Oarbechtsplaatzen an den Gesellschaften nohallteg gestärkt hunn.

Wann een dann aawer déi läscht Entwécklungen bei der Cargolux kuckt an een dann
den President vum Conseil an de Medien héieren huet, deen wedder näischt ze soen
haat wéi datt een , an ech zitéieren “d’Kollektivverträg mussen ganz schlëmm nei
verhandelt gin”, dann ass daat eng Frechheet fiir all Salarié, deen op enger Cargolux
schafft.

En Kollektivvetrag ass keen Kriseninstrument, mä en stabilt Fundament fir d’Leit di do
schaffen. En Fundament fir d’Oarbechtskonditiounen, e Fundament fir
d’Oarbechtszeiten, e Fundament fir d’Karrieren an d’Zukunftsperspektiven vun de
Salariéen... Och d’Firma huet eppes dovunner well si kann plangen a wees waat
d’Konditiounen sin. Och daat misst en President vun engem Conseil wëssen. Si ka
plangen an engem stabilen sozialen Emfeld, wou Problemer diskutéiert gin an Léisungen
am Sozialdialog gesicht an fond gin. Well och de soziale Fridden ass e wichtegt
Argument fiir de Standuert Lëtzebuerg um internationalen Niveau.

Wann et aawer ab elo soll esou sin datt nëmmen nach duerch Konflikt kann eppes
erreecht gin... och dann kënnen se matt eis rechnen!!
                                                                           Page 5 sur 7
Ried vum Aloyse KAPWEILER
               LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik


Kolleginnen a Kollegen,

Bei der Cargolux gett och eng Kapitalerhéigung noutwenneg. D’Regierung huet sech
engageiert datt d’Verhältnis 65 zu 35 och no der Kapitalerhéigung weider gëllt.
D’Regierung muss dofir suergen, datt esou eng Kapitalerhéigung ouni Problemer
oofleeft. Daat heescht, datt d’Situatioun vun enger LUXAIR zum Beispill net därf
verschlechtert gin an dofir stin mir haut ob dëser Plaatz virun der Chamber well den
Lëtzebuerger Staat eng grouss Majoritéit bei de groussen Lëtzebuerger
Fluggesellschaften Luxair an Cargolux représentéiert an dofir och eng grouss
Verantwortung huet!

Déi ganz Entwécklung an de läschte Méint weist eis, datt eise gesamten Soziale Modell
a Gefor ass.

Eis politesch Verantwortlech mussen konkret op eis Froen aentwerten...

Wéi kann et sin, datt massiv bei der Cargolux an en neien Hangar investéiert gett an 3
Joer drop soll et eng Fehlinvestitioun gewiescht sin, déi net rentabel fonktionneiert?

Mär stin och hei virun der Chamber well mer eng Reih Fuerderungen hun:

   -   Mir fuerderen en stabilt Aktionnariat, daat dofir suergt, datt déi Gesellschaften
       um Findel sech kënnen fräi entwéckelen.

   -   Mir fuerderen Strategien fir d’LUXAIR an fir d’CARGOLUX, datt déi
       Gesellschaften kënnen funktionnéieren an wuessen um internationalen Marché,
       datt déi Gesellschaften esou um Marché positionnéiert gin, datt se kënnen
       schaffen.

   -   Mir fuerderen d’Oofsëcherung vun den Oarbechtsplaatzen um Findel.

   -   Mir fuerderen d’Oofsëcherung vun den Oarbechtskonditiounen vun den
       Salariéen um Findel.

   -   Mir fuerderen d’Oofsëcherung vun den Existenzen vun de Salariéen um Findel.



                                                                            Page 6 sur 7
Ried vum Aloyse KAPWEILER
                LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik


Kolleginnen an Kollegen,

Alles daat fuerderen mär!

Mir fuerderen daat HEI op dëser Plaatz, well et ass och d’Responsabilitéit vun der
Regierung fiir dofir ze suergen, datt déi Punkten och um Terrain emgesaat gin.

80% Aktionnär bei der Luxair an 65% Aktionnär bei der CARGOLUX stellen eng
grouss Verantwortung duer, déi eis Regierung MUSS iwwerhuelen.



Kolleginnen an Kollegen,

Mir wärten eis mat all eise Mëttelen fiir eis Fuerderungen asetzen an dorunner soll keen
zweifelen.

Wann eis politesch Responsabel net endlech Courage weisen an de Letzebuerger
Standuert, waat d’Aviatioun ugeet, grad esou gudd verteidegen wéi se et mat dem
Bankesektor gemeet hun, verléieren se all Glaafwürdegkeet an mer laafen Gefor, datt
mer eis hei an eng Richtung beweegen wéi an der Stoolindustrie.

Mä, wéi gesoot,

Nach lieft de Findel!

Keng zweet Arcelor!

Merci.




                                                                            Page 7 sur 7

Mais conteúdo relacionado

Destaque

Las tecnologías de la información y comunicación
Las tecnologías de la información y comunicación         Las tecnologías de la información y comunicación
Las tecnologías de la información y comunicación mariana_marin
 
Coupons erfolgreich einsetzen
Coupons erfolgreich einsetzenCoupons erfolgreich einsetzen
Coupons erfolgreich einsetzenkmubusinessworld
 
Contenido programatico teoria y practica contable i (1)
Contenido programatico teoria y practica contable i (1)Contenido programatico teoria y practica contable i (1)
Contenido programatico teoria y practica contable i (1)Lauren Guevara Herreño
 
Empresa y competencia
Empresa y competenciaEmpresa y competencia
Empresa y competenciasimavari
 
Encyclique lumen fidei allemand-1
Encyclique lumen fidei   allemand-1Encyclique lumen fidei   allemand-1
Encyclique lumen fidei allemand-1Marc Thill
 
MÉTODO DE IGUALACIÓN XIMENA ORTEGA
MÉTODO DE IGUALACIÓN XIMENA ORTEGA MÉTODO DE IGUALACIÓN XIMENA ORTEGA
MÉTODO DE IGUALACIÓN XIMENA ORTEGA ximena ortega
 
rESULTADOS
rESULTADOSrESULTADOS
rESULTADOSrive2001
 
E-Books im Spannungsfeld von Learning Analytics
E-Books im Spannungsfeld von Learning AnalyticsE-Books im Spannungsfeld von Learning Analytics
E-Books im Spannungsfeld von Learning AnalyticsEducational Technology
 
Unterstützung von videobasiertem Unterricht durch Interaktionen
Unterstützung von videobasiertem Unterricht durch InteraktionenUnterstützung von videobasiertem Unterricht durch Interaktionen
Unterstützung von videobasiertem Unterricht durch InteraktionenEducational Technology
 
Bluedarkcasino
BluedarkcasinoBluedarkcasino
BluedarkcasinoLarry Faro
 
Val poschiavo
Val poschiavoVal poschiavo
Val poschiavojuerbi
 
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational Resource
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational ResourceMachbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational Resource
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational ResourceEducational Technology
 
Studeo deskriptive statistik_ein_merkmal
Studeo deskriptive statistik_ein_merkmalStudeo deskriptive statistik_ein_merkmal
Studeo deskriptive statistik_ein_merkmalStudeo
 

Destaque (20)

Las tecnologías de la información y comunicación
Las tecnologías de la información y comunicación         Las tecnologías de la información y comunicación
Las tecnologías de la información y comunicación
 
Coupons erfolgreich einsetzen
Coupons erfolgreich einsetzenCoupons erfolgreich einsetzen
Coupons erfolgreich einsetzen
 
Contenido programatico teoria y practica contable i (1)
Contenido programatico teoria y practica contable i (1)Contenido programatico teoria y practica contable i (1)
Contenido programatico teoria y practica contable i (1)
 
Empresa y competencia
Empresa y competenciaEmpresa y competencia
Empresa y competencia
 
Planificacion
PlanificacionPlanificacion
Planificacion
 
Encyclique lumen fidei allemand-1
Encyclique lumen fidei   allemand-1Encyclique lumen fidei   allemand-1
Encyclique lumen fidei allemand-1
 
Presentación
PresentaciónPresentación
Presentación
 
Cuerpos biónicos
Cuerpos biónicosCuerpos biónicos
Cuerpos biónicos
 
Exposicion 14 12 2015
Exposicion  14 12 2015Exposicion  14 12 2015
Exposicion 14 12 2015
 
MÉTODO DE IGUALACIÓN XIMENA ORTEGA
MÉTODO DE IGUALACIÓN XIMENA ORTEGA MÉTODO DE IGUALACIÓN XIMENA ORTEGA
MÉTODO DE IGUALACIÓN XIMENA ORTEGA
 
El hámster
El hámster El hámster
El hámster
 
rESULTADOS
rESULTADOSrESULTADOS
rESULTADOS
 
E-Books im Spannungsfeld von Learning Analytics
E-Books im Spannungsfeld von Learning AnalyticsE-Books im Spannungsfeld von Learning Analytics
E-Books im Spannungsfeld von Learning Analytics
 
Unterstützung von videobasiertem Unterricht durch Interaktionen
Unterstützung von videobasiertem Unterricht durch InteraktionenUnterstützung von videobasiertem Unterricht durch Interaktionen
Unterstützung von videobasiertem Unterricht durch Interaktionen
 
Bluedarkcasino
BluedarkcasinoBluedarkcasino
Bluedarkcasino
 
Val poschiavo
Val poschiavoVal poschiavo
Val poschiavo
 
CORRECCION
CORRECCIONCORRECCION
CORRECCION
 
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational Resource
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational ResourceMachbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational Resource
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational Resource
 
Studeo deskriptive statistik_ein_merkmal
Studeo deskriptive statistik_ein_merkmalStudeo deskriptive statistik_ein_merkmal
Studeo deskriptive statistik_ein_merkmal
 
Escaletaweb2.0
Escaletaweb2.0Escaletaweb2.0
Escaletaweb2.0
 

Mais de Marc Thill

Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das Kino
Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das KinoSanitäre Vorschriften fürs Theater und das Kino
Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das KinoMarc Thill
 
Parteien 1999 2017.pdf
Parteien 1999 2017.pdfParteien 1999 2017.pdf
Parteien 1999 2017.pdfMarc Thill
 
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017Marc Thill
 
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_versionMarc Thill
 
Politmonitor déc
Politmonitor décPolitmonitor déc
Politmonitor décMarc Thill
 
Discours pm décl gouv 10 12 2013
Discours pm décl gouv  10 12 2013Discours pm décl gouv  10 12 2013
Discours pm décl gouv 10 12 2013Marc Thill
 
Programme gouvernemental
Programme gouvernementalProgramme gouvernemental
Programme gouvernementalMarc Thill
 
Papst interview
Papst interviewPapst interview
Papst interviewMarc Thill
 
Déclaration concernant nuqudy kre kne
Déclaration concernant nuqudy kre kneDéclaration concernant nuqudy kre kne
Déclaration concernant nuqudy kre kneMarc Thill
 
Encyclique lumen fidei français
Encyclique lumen fidei   françaisEncyclique lumen fidei   français
Encyclique lumen fidei françaisMarc Thill
 
Communiqué du maréchalat de la cour 24.06.2013
Communiqué du  maréchalat de la cour 24.06.2013Communiqué du  maréchalat de la cour 24.06.2013
Communiqué du maréchalat de la cour 24.06.2013Marc Thill
 
Verbatim+commission+juridique+20130607
Verbatim+commission+juridique+20130607Verbatim+commission+juridique+20130607
Verbatim+commission+juridique+20130607Marc Thill
 
Lcgb discours 1er mai 2013
Lcgb   discours 1er mai 2013Lcgb   discours 1er mai 2013
Lcgb discours 1er mai 2013Marc Thill
 
Schiltz baudelet ii. vérité ii
Schiltz baudelet ii.  vérité iiSchiltz baudelet ii.  vérité ii
Schiltz baudelet ii. vérité iiMarc Thill
 

Mais de Marc Thill (20)

Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das Kino
Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das KinoSanitäre Vorschriften fürs Theater und das Kino
Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das Kino
 
Parteien 1999 2017.pdf
Parteien 1999 2017.pdfParteien 1999 2017.pdf
Parteien 1999 2017.pdf
 
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017
 
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version
 
Qp
QpQp
Qp
 
Politmonitor déc
Politmonitor décPolitmonitor déc
Politmonitor déc
 
Discours pm décl gouv 10 12 2013
Discours pm décl gouv  10 12 2013Discours pm décl gouv  10 12 2013
Discours pm décl gouv 10 12 2013
 
Programme gouvernemental
Programme gouvernementalProgramme gouvernemental
Programme gouvernemental
 
Onze pistes
Onze pistesOnze pistes
Onze pistes
 
Papst interview
Papst interviewPapst interview
Papst interview
 
Interview
InterviewInterview
Interview
 
Déclaration concernant nuqudy kre kne
Déclaration concernant nuqudy kre kneDéclaration concernant nuqudy kre kne
Déclaration concernant nuqudy kre kne
 
Encyclique lumen fidei français
Encyclique lumen fidei   françaisEncyclique lumen fidei   français
Encyclique lumen fidei français
 
Communiqué du maréchalat de la cour 24.06.2013
Communiqué du  maréchalat de la cour 24.06.2013Communiqué du  maréchalat de la cour 24.06.2013
Communiqué du maréchalat de la cour 24.06.2013
 
Lettre
LettreLettre
Lettre
 
Verbatim+commission+juridique+20130607
Verbatim+commission+juridique+20130607Verbatim+commission+juridique+20130607
Verbatim+commission+juridique+20130607
 
Luxair
LuxairLuxair
Luxair
 
Lcgb discours 1er mai 2013
Lcgb   discours 1er mai 2013Lcgb   discours 1er mai 2013
Lcgb discours 1er mai 2013
 
Politmonitor
PolitmonitorPolitmonitor
Politmonitor
 
Schiltz baudelet ii. vérité ii
Schiltz baudelet ii.  vérité iiSchiltz baudelet ii.  vérité ii
Schiltz baudelet ii. vérité ii
 

Lcgb discours manif 13.11.2012

  • 1. Ried vum Aloyse KAPWEILER LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik Embargo bis den 13. November 2012 um 16 Auer 30 (Et zielt daat geschwaate Wuert.) Kolleginnen a Kollegen, De Findel liewt nach, steet op engem Transparent, et ass also elo NACH Zäit eppes ze maachen fiir en ze retten, fiir en oofzesecheren. FIRWAAT GESCHITT DA NÄISCHT? Zenter véier Joer schon, also zenter der läschter grousser Wirtschaftskriis 2008 revendiquéiert den LCGB eng gemeinsam Strategie fir de Findel wou alleguer dei concernéiert Firmaen mat hieren Oarbechtsplaatzen sech mussen eremfannen. Mer sin an der läschter Tripartite vertréischt gin datt elo misst gewoart gin bis d’CARGOLUX an d’LUXAIR, Enn November, respektiv Enn des Joers hier Strategie färdeg hätten. Mer hun de stoarken Verdacht datt sech hei erëm soll hannert Experten verstoppt gin fir “onpopulär” Moosnaamen duerchzeboxen. Brauche mär da wierklech auslänneg Experten, déi eis mussen soen wéi mer dës Betrieber mussen féieren, hun mer hei am Land keen, deen wees wéi een eng Firma an deem Sektor ze leeden huet... och an schwieregen Zäiten? Sin eis Responsabel, och eis politesch Responsabel,wierklech esou schwaach datt se bei all Schwiiregkeet een dofir musse deier bezuelen, deen en schéinen décken Bericht schreift fir sech dann hannert deem kënnen ze verstoppen??? Egal waat bei deenen Analysen erauskënnt: Et muss hei sëchergestallt gin datt net nemmen Konsidératiounen vun Gewënnoptiméierung an deenen 2 Firmaen, mä och Page 1 sur 7
  • 2. Ried vum Aloyse KAPWEILER LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik d’Verantwortung vum Staat, dem gréissten direkten an indirekten Aktionnaer, um Erhalt vun Oarbechtsplaatzen an dem Erhalt vun den Existenzen berücksichtegt gett. Kolleginnen a Kollegen, Fiir zur Cargolux am speziellen ze kommen, et ass esou datt bei der CARGOLUX d’Peien vun de Leit 13% vun den Käschten ausmaan, bei der LUXAIR sin et ongeféier 27% . Also muss een jo wëssen, datt een eleng duerch Kierzungen beim Personnal déi Firmen hei net kann retten. An Kriisenzäiten, an schwiiregen Zäiten, muss een séng Leit motivéieren fiir zesummen aus de Schwieregkeeten erauszekommen... fir zesummen weiderzekommen... fir zesummen ze schaffen an net denen eegene Leit weisen, datt een zu alleréischt drun denkt fiir hier Existenz a Fro ze stellen... an dann déklaréiert d’Firma gif soss zugronn goen, wéi den Président vum CA vun der Cargolux daat an enger Televisiounsreportage gemeet huet... daat ass de falsche Wee. Vill méi wichteg ass eng nei Strategie fir dës Betriiber ze défineieren.... Wann een aawer elo eemol kuckt waat esou an de läschte Joeren geschitt ass, dann muss een sech Froen stellen, ob déi betraffen Verwaltungsréit an déi politesch Responsabel iwwerhaapt wëssen, waat eng Strategie ass. 2006 gouf ugefaangen de neien Cargolux Hangar ze bauen, am Mee 2009 gett en operationnel, en architektonesch uspriechend Gebei vun engem Paraiser Architekt, um neisten techneschen Stand, daat Bäscht vum Bäschten. 2 Jumboen hun do nierwendeneen dra Plaatz. Daat Gebei ass 200 m laang, 90 m breet an 42 m héich. Et ass eng “State of the Art Maintenance facility”, wéi et op der Cargolux Internetsäit heescht. Daat Gebei huet ronn 80 Milliounen Euro kascht. Wéi dëst Gebei gebaut gin ass, hun eis déi Responsabel gesoot, dass Cargolux och giff Maintenance fiir aaner Firmaen maache an dass daat dofiir de richtege Wee wiir... An elo fennt dann ebeemol een eraus, dass dëst Gebei net rentabel ka schaffen an dass een misst outsourcen. Ween huet dës Décisioun geholl... ass sech hei geiirt gin...? Mär kënnen datooten no 3 Joer net verstoen. Page 2 sur 7
  • 3. Ried vum Aloyse KAPWEILER LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik WAAT SOLL DATOOTEN? Ech hun den deemolegen CEO nach an den Oueren, wéi hien déklaréiert huet, datt d’Produktivitéit gif 80% erop goen an dass Techniker nëmmen nach 2 Stonnen bräichten fir eng bestëmmten Oarbecht ze maachen amplaatz 5 Stonnen. Woar daat dann alles Humbug? Kolleginnen a Kollegen, Den LCGB ass katégoresch géint all Fragmentatioun, Delocalisatioun oder Outsourcing vun egal wéi engem Service oder Département bei der Cargolux der Luxair oder soss enger Firma um Findel... Hei mussen déi Responsabel sech eng ganz Reih Froen gefaale loossen... Wéi ass d’Produktivitéit vum Hangar an ZUELEN? Wéi ass den Käschtepunkt vum Hangar am internationalen Vergläich? Wei ass d’Roll vum Staat um Findel? Wéi ass d’Roll vun der Cargolux um Findel? Mer mussen Aentwerten hun, flott Graphiken gin hei net duer! Kolleginnen a Kollegen, Bei der Luxair schéngen se och ze mengen, datt de Sozialdialog nëmmen nach matt Menacen oder Erpressungen fonktionnéiert. Déi läscht Verhandlungsronn ass gescheitert well d’Direktioun wollt, datt d’Gewerkschaften, ouni je verhandelt ze hun, e Blankoscheck sollen ennerschreiwen. D’Gewerkschaften hätten sollten Konzessiounen maachen, sie hun en Dokument viirgeluecht kritt wou dropsteet datt d’LUXAIR net den Kollektivvertrag gif kënnegen, Page 3 sur 7
  • 4. Ried vum Aloyse KAPWEILER LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik wann d’Gewerkschaften bereet wären direkt Konzessiounen betreffend Oarbechtzeit, Flexibilitéit an Gehälter ze maachen. Mär sollten also vun Ufank un virun den eigentlechen Verhandlungen ënnerschreiwen, datt mer eis bereet erklären, den Kollektivvertrag ze verschlechteren. Vun Garantien an Oarbechtsplaatzoofsëcherung ass guer net ze schwätzen! Esou eng Viirgehensweis ass et nach nie gin, esou eng Viirgehensweis ass ongeheierlech, esou eng Viirgehensweis ass net akzeptabel sou eng Virgehensweis stellt Kollektivvertreeg an Fro. Kollektivvertreeg, déi usëch eng Garantie fir Salariéen duerstellen an fiir d’Firma eng Garantie sin vum soziale Fridden. D’Fro stellt sech, ob eis Regierung déi Viirgehensweis oofgeseegent huet. Mär wëllen Obklärung, ob hei d’Regierung um Sozialoofbau aktiv matt bedeelegt ass. ... Mär hun eis geweigert esou enger Erpressung nozeginn an d’Luxair huet den Kollektivvertrag gekënnegt. Daat heescht aawer, datt muss weider verhandelt gin well et kann een sech jo net viirstellen, datt de Staat als gréissten Aktionnär kéint akzeptéieren, datt déi national Fluggesellschaft ebeemool keen Kollektivvertraag méi hätt! Et stellt een also hei fest, datt d’Direktioun sech an de Kollektivvertragsverhandlungen genau esou onbehollef beweegt wéi wann et drëms geet Léisungen fir déi aktuell, schwiireg, economesch Situatioun, ze fannen. Kolleginnen a Kollegen, Den LCGB huet sech nach nie Verhandlungen verschloss, mä mär wärte keen Blankoscheck ënnerschreiwen, mär wärten dofir suergen, datt d’Leit Garantien kréien, mär wärten dofir suergen, datt d’Leit an hier Existenzen oofgesëchert gin. D’Salariéen vun der LUXAIR an vun der CARGOLUX hun e Recht drop déi néideg Oofsecherung vum Employeur ze kréien. Page 4 sur 7
  • 5. Ried vum Aloyse KAPWEILER LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik Sie hun et net verdingt dass, wéi et bei der LUXAIR probéiert gett matt alle Mëttelen hier Existenz a Fro ze stellen. E Blankoscheck wärten mer nie ënnerschreiwen! Daat ass fiir eis net akzeptabel, net akzeptabel. Kolleginnen a Kollegen, Bei der CARGOLUX ass jo vun der Direktioun déklaréiert gin, datt de Kollektivvertraag do soll op Basis vum legale Minimum verhandelt gin. Och do kann een nëmmen de Kapp rëselen. Een deen esou eppes seet wees net wéi mer hei am Land Kollektivvertreeg verhandelt hun an och an Zukunft Kollektivvertreeg verhandele wärten. Zenter Joerzingter hun d’Sozialpartner och ënner deelweis schwieregsten ekonomeschen Konditiounen Léisungen fonnt, och, an speziell bei der Cargolux, fir d’Leit an der Oarbecht ze haalen, Existenzen oofzesëcheren an déi betraffen Gesellschaften kompetitif um Moart ze haalen. Datt dës Verhandlungen schwiireg woaren, daat brauch keen eis ze soen, mä mer hun, waat d’Kollektivverträg ugeet, nach ëmmer Léisungen fonnt, déi d’Pérenitéit vun den Oarbechtsplaatzen an den Gesellschaften nohallteg gestärkt hunn. Wann een dann aawer déi läscht Entwécklungen bei der Cargolux kuckt an een dann den President vum Conseil an de Medien héieren huet, deen wedder näischt ze soen haat wéi datt een , an ech zitéieren “d’Kollektivverträg mussen ganz schlëmm nei verhandelt gin”, dann ass daat eng Frechheet fiir all Salarié, deen op enger Cargolux schafft. En Kollektivvetrag ass keen Kriseninstrument, mä en stabilt Fundament fir d’Leit di do schaffen. En Fundament fir d’Oarbechtskonditiounen, e Fundament fir d’Oarbechtszeiten, e Fundament fir d’Karrieren an d’Zukunftsperspektiven vun de Salariéen... Och d’Firma huet eppes dovunner well si kann plangen a wees waat d’Konditiounen sin. Och daat misst en President vun engem Conseil wëssen. Si ka plangen an engem stabilen sozialen Emfeld, wou Problemer diskutéiert gin an Léisungen am Sozialdialog gesicht an fond gin. Well och de soziale Fridden ass e wichtegt Argument fiir de Standuert Lëtzebuerg um internationalen Niveau. Wann et aawer ab elo soll esou sin datt nëmmen nach duerch Konflikt kann eppes erreecht gin... och dann kënnen se matt eis rechnen!! Page 5 sur 7
  • 6. Ried vum Aloyse KAPWEILER LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik Kolleginnen a Kollegen, Bei der Cargolux gett och eng Kapitalerhéigung noutwenneg. D’Regierung huet sech engageiert datt d’Verhältnis 65 zu 35 och no der Kapitalerhéigung weider gëllt. D’Regierung muss dofir suergen, datt esou eng Kapitalerhéigung ouni Problemer oofleeft. Daat heescht, datt d’Situatioun vun enger LUXAIR zum Beispill net därf verschlechtert gin an dofir stin mir haut ob dëser Plaatz virun der Chamber well den Lëtzebuerger Staat eng grouss Majoritéit bei de groussen Lëtzebuerger Fluggesellschaften Luxair an Cargolux représentéiert an dofir och eng grouss Verantwortung huet! Déi ganz Entwécklung an de läschte Méint weist eis, datt eise gesamten Soziale Modell a Gefor ass. Eis politesch Verantwortlech mussen konkret op eis Froen aentwerten... Wéi kann et sin, datt massiv bei der Cargolux an en neien Hangar investéiert gett an 3 Joer drop soll et eng Fehlinvestitioun gewiescht sin, déi net rentabel fonktionneiert? Mär stin och hei virun der Chamber well mer eng Reih Fuerderungen hun: - Mir fuerderen en stabilt Aktionnariat, daat dofir suergt, datt déi Gesellschaften um Findel sech kënnen fräi entwéckelen. - Mir fuerderen Strategien fir d’LUXAIR an fir d’CARGOLUX, datt déi Gesellschaften kënnen funktionnéieren an wuessen um internationalen Marché, datt déi Gesellschaften esou um Marché positionnéiert gin, datt se kënnen schaffen. - Mir fuerderen d’Oofsëcherung vun den Oarbechtsplaatzen um Findel. - Mir fuerderen d’Oofsëcherung vun den Oarbechtskonditiounen vun den Salariéen um Findel. - Mir fuerderen d’Oofsëcherung vun den Existenzen vun de Salariéen um Findel. Page 6 sur 7
  • 7. Ried vum Aloyse KAPWEILER LCGB-Gewerkschaftssekretär Transport, Logistik Kolleginnen an Kollegen, Alles daat fuerderen mär! Mir fuerderen daat HEI op dëser Plaatz, well et ass och d’Responsabilitéit vun der Regierung fiir dofir ze suergen, datt déi Punkten och um Terrain emgesaat gin. 80% Aktionnär bei der Luxair an 65% Aktionnär bei der CARGOLUX stellen eng grouss Verantwortung duer, déi eis Regierung MUSS iwwerhuelen. Kolleginnen an Kollegen, Mir wärten eis mat all eise Mëttelen fiir eis Fuerderungen asetzen an dorunner soll keen zweifelen. Wann eis politesch Responsabel net endlech Courage weisen an de Letzebuerger Standuert, waat d’Aviatioun ugeet, grad esou gudd verteidegen wéi se et mat dem Bankesektor gemeet hun, verléieren se all Glaafwürdegkeet an mer laafen Gefor, datt mer eis hei an eng Richtung beweegen wéi an der Stoolindustrie. Mä, wéi gesoot, Nach lieft de Findel! Keng zweet Arcelor! Merci. Page 7 sur 7