1. CSV-Fraktioun | 13, rue du Rost | L-2447 Luxembourg | Tel. 47 10 55 – 1 | csv@chd.lu
Här Fernand Etgen
President vun der Chamber
Lëtzebuerg, den 1. März 2023
Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech, dës
parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten weiderzeleeden.
Eisen Informatiounen no kënnt et beim Adapto-Service fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit ëfters
zu diverse Problemer. Déi Leit, déi an hirem Alldag op dës spezifesch Transport-Offer op Demande
ugewise sinn, kommen zum Beispill oft ze spéit op hier Rendez-vous’en, well nach aner Client‘en
ofgeholl musse ginn. Bedéngt duerch dës Verspéidunge kënnen déi Concernéiert hier Rendez-
vous'en net wouerhuele, respektiv mussen se annuléieren an den Adapto-Service erfëllt säin
Déngscht net. Dann besteet eng grouss Fluktuatioun vum Fuerpersonal um Adapto-Service, an
d’Chauffeure kennen sech oft net gutt aus. Desweidere kréie Leit am Rollstull net ëmmer gehollef
fir aus dem Bus eraus ze klammen. Wann een an der Zentral vum Adapto-Service urifft, geet oft
keen drop an et kritt ee weder Hëllef, nach Renseignementer ugebueden.
An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten
stellen:
• Wéi vill Fäll vu Verspéidungen duerch den Adapto-Service sinn et am Joer 2022 ginn?
o Wéi eng Méiglechkeeten hunn déi Concernéiert an esou Fäll?
• Ass virgesinn, dass de Chauffeur vum Adapto-Bus, de Leit am Rollstull oder deenen déi net
gutt ze Fouss sinn, aus dem Bus eraushëlleft?
• Gëtt den Adapto-Service reegelméisseg vum zoustännege Ministère evoluéiert?
o Wa jo, wéi?
• Wéi garantéiert de Minister, dass déi concernéierte Leit, an der Zentral vum Adapto-
Service de néidege Support ugebuede kréien?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Léon Gloden
Deputéierten
N° 7689
Entrée le 01.03.2023
Chambre des Députés
Déclarée recevable
Président de la Chambre des Députés
(s.) Fernand Etgen
Luxembourg, le 01.03.2023
2. Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d'parlamentaresch Fro n°
7689 vum 1. Mäerz 2023 vum Här Deputéierten Léon Gloden.
Wéi vill Fäll vu Verspéidungen duerch den Adapto-Service sinn et am Joer 2022 ginn?
• Wéi eng Méiglechkeeten hunn déi Concernéiert an esou Fäll?
De Call Center ass all Dag besat, dëst an der Woch vu 6:45 Auer bis 19.00 Auer a Weekends vun 9.00 Auer
bis 16.30 Auer. Ausserhalb vun dësen Auerzäiten ass de Service Leetstell disponibel fir bei Problemer zu
Faarten oder Buchunge virun ze hëllefen. Am Fall vun enger Verspéidung huet de Client d’Méiglechkeet
sech beim Call Center iwwert den Openthalt vum Bus z‘informéieren. Iwwer d’App kann och genau
noverfollegt ginn wéini de Bus beim Client ukënnt. Fir awer all méiglech Verspéidunge fir op
Rendezvous’en z’evitéieren, ass et am Sécherste fir d’Faarte mat der Optioun „Arriver à“ ze buchen. Bei
dëser Optioun kann de Client déi gewënschten Zäit vun der Arrivée uginn an de Programm kann
deementspriechend ausrechne wéini de Bus muss beim Client sinn.
D‘Unzeuel vu Verspéidungen ass de Moment net disponibel.
Ass virgesinn, dass de Chauffeur vum Adapto-Bus, de Leit am Rollstull oder deenen déi net gutt ze Fouss
sinn, aus dem Bus eraushëlleft?
Esou wéi och an de „Conditions d’utilisation du service Adapto“ präziséiert ass, kann de Chauffeur de Leit
an de Bus eran an eraus hëllefen. Des Informatioune fënnt een zesumme mam Umeldeformular op
adapto.lu an myguichet.lu. D’Chauffeuren kréien ausserdeem déi néideg Formatioune fir d’Clienten am
Rollstull richteg an de Bus eran ze sëtzen an unzestrécken.
Gëtt den Adapto-Service reegelméisseg vum zoustännege Ministère evoluéiert?
• Wa jo, wéi?
Dovunner ausgoend datt éischter „evaluéiert“ gemengt ass, kann ech bestätegen, dass d‘Mataarbechter
aus dem Service PMR wéi och dem Call Center konstant am Echange mat de Busfirma’en sti fir déi aktuell
Situatioun vum Service am Bléck ze hunn. Doduerch kann op Virfäll oder Retard’en méiglechst schnell
reagéiert ginn andeems dës genau analyséiert ginn. Ausserdeem ginn all schrëftlech Reklamatiounen zur
Kenntnis geholl a mat an dës Analyse afléisse gelooss fir de Service esou wéi och de Logiciel kënne bescht
méiglech ze verbesseren. Den Notzer vun der mobiler App huet och d’Méiglechkeet an der App eng
Berwäertung ze ginn.
N° 7689
Entrée le 13.04.2023
Chambre des Députés
3. Wéi garantéiert de Minister, dass déi concernéierte Leit, an der Zentral vum Adapto-Service de néidege
Support ugebuede kréien?
Wéi scho beschriwwen, ass de Call Center, an donieft och den Service vun der Leetstell, all Dag disponibel
fir de Client’en. Iwwer d’App hunn souwuel de Chauffeur wéi och de Client selwer d’Méiglechkeet sech
géigesäiteg ënnert enger anonymiséierter Nummer unzeruffen.
Lëtzebuerg, den 13. Abrëll 2023.
De Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten
(s.) François Bausch