SlideShare a Scribd company logo
1 of 3
Download to read offline
Riéd op der Trap

1. Begréissung
Hubert:
Haut, ronn 50 Joer nom Bau vum LTMA, huet dat aalt Gebei seng bescht Zäit
hanneru sech. Et gett demnächst dem Erdbuedem gläichgemaach, zesumme
mat der Trap.
Déi Trap ass legendär! Ech sinn 1980 an de Mathias Adam komm an als 7eSpunt hunn ech ëmmer déi Schüler bewonnert, déi eng Plaz op der Trap kritt
hunn. Ech hu séier raus fonnt, datt do eng gewëssen Hierarchie matgespillt
huet. Et huet ee sech misse bewähren, fir eng Kéier ganz uewe kënnen ze
stoën, fir ze fëmmen oder fir ze knutschen.
Vun der Trap aus hat ee net nëmmen e gudden Iwwerbléck op de Rescht vum
Schoulhaff, mee vun do aus goung et och an den Préau.
Als Schüler vun den ënneschte Klassen war et eng Corvée sech de Wee bis
uewen rop ze trauen. Méi wéi eng Kéier ass e schief bekuckt ginn, an et huet
seng Zäit gedauert, bis een op der Trap acceptéiert ginn ass. Träppleck fir
Träppleck huet een sech missten eropschaffen.
Wéi ech bis d’Gefill hat, op der Trap geduldt ze sinn, hunn ech leider missen
d’Schoul wiésselen an ech hat nie d’Chance fir uewen um leschten Träppleck
unzekommen.
Zum Schluss vu menger 3-jähreger Carrière am LTMA, hat ech awer
d’Geleegenheet fir eng Kéier eng länger Zäit um ieweschten Träppléck ze
stoen, dat war wéi ech op engem Schoulfest Guitar gespillt hunn.
Mir hunn awer och Leit an eise Kreesser, déi eng Ofkiérzung geholl hunn oder
einfach d’Trap ropp gefall sinn!

Vally:
Da muss du jo haut extra frou an extra houferesch sinn, datt s du d’Chance
kritt hues, endlech hei uewen ukomm ze sinn, an als ee vun de Leschte hei
därfen ze stoen a mat mir eng ze fëmmen!
Ech hunn des Trap méi laang därfe genéissen, well et war jo net nëmmen
d’Plaz, mee och den Potpourri vu Leit, dee sech hei getraff huet.
Niéft dem Gefëmms a Geknutschs sinn awer op dëser Trap och intelligent
Saache gemaach ginn. Den deemolegen Schülercomité huet hei seng
Initiativen géint reell a gemengten Ongerechtegkeeten discutéiert an den
Groupe d’Actions seng Aktivitéiten geplangt. D’Trap hat nët nëmmen
d’Symbolik vun den rauen a gefaartenen, mee virun allem vun rebelleschen
an fortschrëttlechen Schüler.
Nët ëmsoss hu sech eng Rei Proffen och op der Trap mat de Schüler getraff,
während aneren se nach ëmmer en Dar am Aa war.
Hubert:
Vally, du seess et: Déi Schoul war tatsächlech eppes ganz Spezielles, och wa
mer se oft verflucht hunn.
Et ass dofir emsou méi bemierkenswert ze gesinn, wi vill Leit sech haut hei
afond hunn, fir der Schoul matt hirer Trap Äddi ze soen.
Loosse mer éierlech sinn: Den LTMA hat net ëmmer dee beschte Ruff, virun
allem Enn de 70er/Ufank den 80er Joren. Am 6. Schouljor huet de Paschtouer
eis an eis Eltere virum Péiténger Lycée gewarnt, déi Schoul wär voller Drogen
an den Emgang wär schlecht.
Meng Elteren hu mech trotzdem dohinner geschéckt an ech bereien et guer
net! Den LTMA war ëmmer eng fortschrëttlech Schoul matt enger Direktioun
a matt Léierpersonal, déi nei Weeër gaange sinn an et färdeg bruecht hunn,
eis op ee Liewen als kriteschen a mündege Bierger vir ze bereeden. Vläicht
war dat jo dem Här Paschtouer säi Problem.

Besonnesch frou si mer haut iwwer d’Präsenz vun eisem Edukatiounsminister
Claude Meisch, fréiere Schüler vum LTMA, deem seng éischt Missioun et jo
eigentlech misst sinn, d’Schoul als solches ze förderen an net Schoulen
ofzerappen. Et schéngt, wéi wann et deem alen, baufällegen LTMA-Gebei net
besser sollt ergoen wéi der aler, baufälleger Déifferdénger Kierch.
Dat neit Gebei ass sécherlech méi modern, méi schéin, méi grouss, technesch
besser équipéiert, mee awer: Ass et grad esou heemlech? Ass d’Ambiance grad
esou kollegial? Kréien d’Schüler déi selwecht Werter vermëttelt?

Vally:
An den 80er Joeren war ech Schülerin an dësem Lycée, an ouni lo wellen an
d’Nostalgie ze faalen, ech kann dat nämlech guer net ausstoen, muss ech
zouginn, datt et e ganz besonneschen Lycée, mat aussergewéinleche Proffe
war. Ech wees net, ob ech deemols vill fir d’Schoul geléiert hunn, awer fir
d’Liewen ganz secher!
An ausser den grengen an den rouden franzéischen Verben, den
Kachkënschten vun enger Misses Harrison, den chronologeschen Daten
vun der franzéischer Revolutioun an den moraliséierenden Geschichten
mam Herr Keuner, huet een Meschen kenne geléiert, déi sech fir a mat hiere
Schüler engagéiert hunn, fir eng besser Bildung, fir eng besser Welt.... Et
sinn alternativ Léiermethoden ugewand ginn, et ass manifestéiert a
gestreikt ginn, Aktiounen vun engem Schülerkomitée an engem Groupe
d’actions waren politesch, fortschrëttlech an humanistesch. Et ass zesumme
discutéiert, gestridden, protestéiert, awer och gefeiert ginn! Et war deemols
eng Schoul, wou een effektiv net fir d’Schoul mee fir d’Liewen geléiert ginn.
Den LTMA huet gerockt a geschockt!

Hubert:
Interessant ass et jo mol ze héieren, dass d’Péitenger Gemeng wëlles huet, den
Terrain weiderhin fir edukativ Zwecker ze notzen. Hei soll eventuell eng nei
Muséksschoul gebaut ginn, woumatt eng vun den LTMA-Traditiounen
bäibehale giff, nämlech d’Förderung vu kulturellen Aktivitéiten.
Ween erënnert sech net un déi legendär Schoulfester, bei denen eemoleg
Muséker, déi aus dem LTMA eraus hir Carrière ugefaangen hunn,
landbekannt goufen an och zum Deel haut nach um musékalesche Plang net
ewechzedenke sinn.

Vally
an domadder gin ech d’Wuert wieder un den Edukatiounsminiser Claude
Meisch.

More Related Content

More from Luxemburger Wort FR (20)

TER 11 et 12 mars - CFL
TER 11 et 12 mars - CFLTER 11 et 12 mars - CFL
TER 11 et 12 mars - CFL
 
Information clientèle SNCF
Information clientèle SNCFInformation clientèle SNCF
Information clientèle SNCF
 
Avl gare
Avl gareAvl gare
Avl gare
 
Plan braderie circulation
Plan braderie circulationPlan braderie circulation
Plan braderie circulation
 
Buergermeeschterdag2014
Buergermeeschterdag2014Buergermeeschterdag2014
Buergermeeschterdag2014
 
Observatoire de la formation des prix
Observatoire de la formation des prixObservatoire de la formation des prix
Observatoire de la formation des prix
 
éTude
éTudeéTude
éTude
 
Fermeture des bretelles monkeler
Fermeture des bretelles monkelerFermeture des bretelles monkeler
Fermeture des bretelles monkeler
 
Droits des étudiants
Droits des étudiantsDroits des étudiants
Droits des étudiants
 
Extinction a4
Extinction a4Extinction a4
Extinction a4
 
Extinction a1
Extinction a1Extinction a1
Extinction a1
 
Démontage a13
Démontage a13Démontage a13
Démontage a13
 
Démontage a6
Démontage a6Démontage a6
Démontage a6
 
Le tabagisme au luxembourg en 2013
Le tabagisme au luxembourg en 2013Le tabagisme au luxembourg en 2013
Le tabagisme au luxembourg en 2013
 
Recours gracieux
Recours gracieuxRecours gracieux
Recours gracieux
 
Ses résultats2013
Ses résultats2013Ses résultats2013
Ses résultats2013
 
Washington post les méfaits de la position assise
Washington post   les méfaits de la position assiseWashington post   les méfaits de la position assise
Washington post les méfaits de la position assise
 
Les méfaits de la position assise
Les méfaits de la position assiseLes méfaits de la position assise
Les méfaits de la position assise
 
Fumoir attestation 20 01-2014 formulaire en ligne
Fumoir attestation 20 01-2014 formulaire en ligneFumoir attestation 20 01-2014 formulaire en ligne
Fumoir attestation 20 01-2014 formulaire en ligne
 
Pétition "Pour le choix"
Pétition "Pour le choix"Pétition "Pour le choix"
Pétition "Pour le choix"
 

Lescht foto op der traap riéd op der trap

  • 1. Riéd op der Trap 1. Begréissung Hubert: Haut, ronn 50 Joer nom Bau vum LTMA, huet dat aalt Gebei seng bescht Zäit hanneru sech. Et gett demnächst dem Erdbuedem gläichgemaach, zesumme mat der Trap. Déi Trap ass legendär! Ech sinn 1980 an de Mathias Adam komm an als 7eSpunt hunn ech ëmmer déi Schüler bewonnert, déi eng Plaz op der Trap kritt hunn. Ech hu séier raus fonnt, datt do eng gewëssen Hierarchie matgespillt huet. Et huet ee sech misse bewähren, fir eng Kéier ganz uewe kënnen ze stoën, fir ze fëmmen oder fir ze knutschen. Vun der Trap aus hat ee net nëmmen e gudden Iwwerbléck op de Rescht vum Schoulhaff, mee vun do aus goung et och an den Préau. Als Schüler vun den ënneschte Klassen war et eng Corvée sech de Wee bis uewen rop ze trauen. Méi wéi eng Kéier ass e schief bekuckt ginn, an et huet seng Zäit gedauert, bis een op der Trap acceptéiert ginn ass. Träppleck fir Träppleck huet een sech missten eropschaffen. Wéi ech bis d’Gefill hat, op der Trap geduldt ze sinn, hunn ech leider missen d’Schoul wiésselen an ech hat nie d’Chance fir uewen um leschten Träppleck unzekommen. Zum Schluss vu menger 3-jähreger Carrière am LTMA, hat ech awer d’Geleegenheet fir eng Kéier eng länger Zäit um ieweschten Träppléck ze stoen, dat war wéi ech op engem Schoulfest Guitar gespillt hunn. Mir hunn awer och Leit an eise Kreesser, déi eng Ofkiérzung geholl hunn oder einfach d’Trap ropp gefall sinn! Vally: Da muss du jo haut extra frou an extra houferesch sinn, datt s du d’Chance kritt hues, endlech hei uewen ukomm ze sinn, an als ee vun de Leschte hei därfen ze stoen a mat mir eng ze fëmmen! Ech hunn des Trap méi laang därfe genéissen, well et war jo net nëmmen d’Plaz, mee och den Potpourri vu Leit, dee sech hei getraff huet. Niéft dem Gefëmms a Geknutschs sinn awer op dëser Trap och intelligent Saache gemaach ginn. Den deemolegen Schülercomité huet hei seng Initiativen géint reell a gemengten Ongerechtegkeeten discutéiert an den Groupe d’Actions seng Aktivitéiten geplangt. D’Trap hat nët nëmmen
  • 2. d’Symbolik vun den rauen a gefaartenen, mee virun allem vun rebelleschen an fortschrëttlechen Schüler. Nët ëmsoss hu sech eng Rei Proffen och op der Trap mat de Schüler getraff, während aneren se nach ëmmer en Dar am Aa war. Hubert: Vally, du seess et: Déi Schoul war tatsächlech eppes ganz Spezielles, och wa mer se oft verflucht hunn. Et ass dofir emsou méi bemierkenswert ze gesinn, wi vill Leit sech haut hei afond hunn, fir der Schoul matt hirer Trap Äddi ze soen. Loosse mer éierlech sinn: Den LTMA hat net ëmmer dee beschte Ruff, virun allem Enn de 70er/Ufank den 80er Joren. Am 6. Schouljor huet de Paschtouer eis an eis Eltere virum Péiténger Lycée gewarnt, déi Schoul wär voller Drogen an den Emgang wär schlecht. Meng Elteren hu mech trotzdem dohinner geschéckt an ech bereien et guer net! Den LTMA war ëmmer eng fortschrëttlech Schoul matt enger Direktioun a matt Léierpersonal, déi nei Weeër gaange sinn an et färdeg bruecht hunn, eis op ee Liewen als kriteschen a mündege Bierger vir ze bereeden. Vläicht war dat jo dem Här Paschtouer säi Problem. Besonnesch frou si mer haut iwwer d’Präsenz vun eisem Edukatiounsminister Claude Meisch, fréiere Schüler vum LTMA, deem seng éischt Missioun et jo eigentlech misst sinn, d’Schoul als solches ze förderen an net Schoulen ofzerappen. Et schéngt, wéi wann et deem alen, baufällegen LTMA-Gebei net besser sollt ergoen wéi der aler, baufälleger Déifferdénger Kierch. Dat neit Gebei ass sécherlech méi modern, méi schéin, méi grouss, technesch besser équipéiert, mee awer: Ass et grad esou heemlech? Ass d’Ambiance grad esou kollegial? Kréien d’Schüler déi selwecht Werter vermëttelt? Vally: An den 80er Joeren war ech Schülerin an dësem Lycée, an ouni lo wellen an d’Nostalgie ze faalen, ech kann dat nämlech guer net ausstoen, muss ech zouginn, datt et e ganz besonneschen Lycée, mat aussergewéinleche Proffe war. Ech wees net, ob ech deemols vill fir d’Schoul geléiert hunn, awer fir d’Liewen ganz secher! An ausser den grengen an den rouden franzéischen Verben, den Kachkënschten vun enger Misses Harrison, den chronologeschen Daten vun der franzéischer Revolutioun an den moraliséierenden Geschichten mam Herr Keuner, huet een Meschen kenne geléiert, déi sech fir a mat hiere
  • 3. Schüler engagéiert hunn, fir eng besser Bildung, fir eng besser Welt.... Et sinn alternativ Léiermethoden ugewand ginn, et ass manifestéiert a gestreikt ginn, Aktiounen vun engem Schülerkomitée an engem Groupe d’actions waren politesch, fortschrëttlech an humanistesch. Et ass zesumme discutéiert, gestridden, protestéiert, awer och gefeiert ginn! Et war deemols eng Schoul, wou een effektiv net fir d’Schoul mee fir d’Liewen geléiert ginn. Den LTMA huet gerockt a geschockt! Hubert: Interessant ass et jo mol ze héieren, dass d’Péitenger Gemeng wëlles huet, den Terrain weiderhin fir edukativ Zwecker ze notzen. Hei soll eventuell eng nei Muséksschoul gebaut ginn, woumatt eng vun den LTMA-Traditiounen bäibehale giff, nämlech d’Förderung vu kulturellen Aktivitéiten. Ween erënnert sech net un déi legendär Schoulfester, bei denen eemoleg Muséker, déi aus dem LTMA eraus hir Carrière ugefaangen hunn, landbekannt goufen an och zum Deel haut nach um musékalesche Plang net ewechzedenke sinn. Vally an domadder gin ech d’Wuert wieder un den Edukatiounsminiser Claude Meisch.